Horaire
Aqua-Cycling (online Umeldung ab dem 3. August)
Dëst neit Konzept eegent sech fir jiddereen. Intensiv, dynamesch a mat Musek, sou mécht Beweegung nach méi Spaass. Déi verschidden Übunge kräftegen den Ënerkierper a si eng optimal Méiglechkeet fir d'Ausdauer ze trainéieren a sech fit ze halen.
Fir ze bestellen
Aqua-Jogym (online Umeldung ab dem 3. August)
Lafen am Waasser, daat trainéiert d'Ausdauer a kräftegt d'Muskulatur. Mat Musek mécht den Training gläich duebel souvill Spaass. Bréngt äre Kierper a Schwonk! Aqua-Jogym ass ee komplette Cours mat oder ouni Asaz vu Geräter. Duerno fillt dir iech richteg a Form!
Fir ze bestellen
Aqua-Boxing (online Umeldung ab dem 3. August)
Energie a Punsch! Dëse Cours ass op verschidden Techniken a Kampfsportarten opgebaut. Ideal fir Kalorien ze verbrennen, fir d’Ausdauer an de Stressoofbau.
Fir ze bestellen
Aqua-Mini (online Umeldung ab dem 3. August)
Dëse Cours ass fir Kanner am Alter vun 3 bis 18 Méint. En déngt virun allem dozou déi Kléng mat dem Element Waasser vertraut ze maachen a wierkt sech gläichzäiteg positiv op fill Fäegkeeten déi nach ze entwéckele sinn, aus.
Fir ze bestellen
Aqua-Senior (online Umeldung ab dem 3. August)
Waassergymnastik fir Senioren ass gesond a mécht Spaass. D'Muskele gin gekräftegt an dat ouni grouss Belaaschtung fir d'Gelenker. Den Alterungsprozess gëtt verzögert an am Kader vu Rehabilitatiounsmoossnahmen wierkt sech de Sport am Waasser positiv aus. Waassergymnastik ass eng vun deene beschte Methode fir d'Gesondheet an d'Wuelbefannen z'ënnerhalen a jonk ze bleiwen.
Fir ze bestellen
Schwammcoursen
Eis Schwammcoursen adresséiere sech u Kanner an Erwuessener. D’Ziel ass et eng Eegestännegkeet am Waasser z’erreechen an d’Schwammen ze léieren.
Fir ze bestellen