Sauna a Wellness

Stären
Déi mëll Temperaturen am Hammam vun 42-45°C, kombinéiert mat enger relativer Loftfiichtegkeet vun 100% ënnerstëtzen de Regeneratiounsprozess vum Kierper. Aromatesch Zousätz vun Eukalyptus a Menthe bréngen Ofwiesselung an den Niwwel, fleegen d’Longen a suergen dofir dass se op ginn.

Blummen
Beim Betriede vun dësem Hammam kommen iech Dëfter vu Kraider a Friichten entgéint. Dir fillt iech wéi an engem Bléienkelch, och beim Design vun dëser Sauna gëtt et doru keen zweiwel.

Kraider (80°C)
Naturkraider gin an engem spezielle Behälter präparéiert. Den aromatesche Sud aus Ueleg an den Doft vu frëschem Hee oder frësche Kraider wierke jee no Zesummestellung entspaanend oder ureegend.

Lava (90°C)
Déi klassesch Saunaform. Ganz waarm mat wéineg Loftfiichtegkeet! Doduerch einfach ze verdroen an ideal fir gesond Ufänger. Opgoss mat ënnerschiddlechen ätherechen Uelegen an Doften steigeren d’Wuelbefannen.

Mound
D’Biosauna zielt zu den Nidderegtemperatur Saunaen. Mat ongeféier 60°C, enger Loftfiichtegkeet vun 40% an engem Faarfliichtsystem, ass si déi ideal Plaz fir z’entspanen. D’Openthaltsdauer ass jee no Wuelbefanne vu jidderengem selwer ze bestëmmen.

Steng (90°C)
D’Urform vun de finnesche Saunaen. Agegruewen am Buedem, mat uergemütlecher Atmosphère, erlaabt d’Erdsauna trotz héijen Temperaturen a gerénger Loftfiichtegkeet e längerer Saunaopenthalt.

Feier (80°C)
Holzgeroch an e knisternd Holzfeier suerge fir eng entspaanend Atmosphère. Bei flackeregem Liicht vum Feier fält et engem einfach den Alldag ze vergiessen.

Äerd
Bei enger Temperatur vun 95°C an enger Loftfiichtegkeet vun 20-25 % kenn der iech hei op 3 Stäck entspanen. Den Naturaromen-Opgoss reegt de Kreeslaf un an ënnerstëtzt op eng douce Manéier den Entschlackungsprozess.

Wichteg! D’Saunalandschaft ass en textilfräie Beräich.

Whirlpool   35°C
Kaale Baseng   12°C
Baussebaseng   31°C
Erliefnesduschen bannen an baussen    
Äisbuer    
Wantergaart    
Solarium    
Sauna-Bar    
Erliewwnisbad
Dir wëllt méi iwwer eis Offere wëssen? Da klickt hei.
Öffnungszaiten
Op Sauna oder schwammen hudd, hei fannt dir eis Öffnungszaiten.
Fotoen
Erliefnesbad - Dir sidd firwelzeg wéi et bei eis ausgesäit? Da kuckt eis Photoen un.