Eurewelcome

E Qualitéitslabel fir all.

Säit 2005, ass Info-Handicap am Besetz vum Eurewelcome Label. Dëse Label gëtt de behënnerten Leit d'Méiglechkeet hir Internetsäit ze besichen an sech so onofhängeg wéi méiglech an der Ëffentlechkeet ze beweegen. Hei fënnt een déi neideschst Informatiounen sou wéi d'Accessibilitéit vun den Touristenattraktiounen hei zu Lëtzebuerg.

Den Eurewelcome Label ass am Grand-duché, sou wéi a sechs ugrenzend Regiounen an der Belge, Holland a Däitschland unerkannt.

D'Philosophie vum Eurewelcome orientéiert sech ëmmer méi zum Konzept „design for all". Dat heescht dass d'Qualitéit vun der Accessibilitéit net nëmmen d'Kamoudheet vun den Behënnerten viséiert, mee d'ganz Gesellschaft.

De Site www.welcome.lu gëtt vun Info-Handicap geréiert. Hei fënnt een vill Informatiounen sou wéi eng detailléiert Lescht mat de Strukturen déi mam Eurewelcome Label ausgezeechent goufen.