Aqua-Coursen
Umeldunge kënnen den 9. November 2023 um 17:00 Auer gemaach ginn.

-
2023-11 Cours collectifs (114.67 Ko)
______________________________________________________________________________________
Aqua-Zumba
Den Aqua Zumba Cours stäerkt d'Muskelen, verbessert d'Ausdauer a mécht immens vill Spaass. Zu Latäinamerikanesche Rhythmen, ouni Är Gelenker ze belasten kёnnt Dir richteg gudd Kalorien verbrennen.
Aqua-Circuit
Dir sicht eng komplett a flott Aktivitéit? Den Aqua-Circuit ass fir Iech! Mat enger Serie vun Übungen mat (Vëlo, Hantelen, Lastik, Trampolin, Steps, asw.), schafft Dir un all déi verschidde Muskelgruppen (Bauch, Réck, Broscht, Äarm, Been an Hënner). Fir all déi déi ofwiesslungsräich Exercicer mat Material gären hunn - ouni Choreographie - a no engem effektive Resultat sichen!
Aqua-Cycling
Dëst Konzept eegent sech fir jiddereen. Intensiv, dynamesch a mat Musek, sou mécht Beweegung nach méi Spaass. Déi verschidden Übunge kräftegen den Ënerkierper a si eng optimal Méiglechkeet fir d'Ausdauer ze trainéieren a sech fit ze halen.
Aqua-Gym
Turnen am Waasser trainéiert d'Ausdauer a kräftegt d'Muskulatur. Mat Musek mécht den Training gläich duebel souvill Spaass. Bréngt äre Kierper a Schwonk! Aqua-Gym ass ee komplette Cours mat oder ouni Asaz vu Geräter. Duerno fillt dir iech richteg a Form!
Aqua-Fitness
Aqua-Fitness Okeo Method ass en intensive Cardio, energesche, musikaleschen an toning aquateschen Training. Dir léiert Waasser ze benotzen fir mat Waasserresistenz ze trainéieren. Stäerkt a Kraaft charakteriséieren dës nei Approche.
Schwammcoursen individuell (CP)
Dëss Schwammcoursen daueren 30 Minutten. Eis Schwammcoursen adresséieren sech u Kanner an Erwuessener. D’Ziel ass et eng Eegestännegkeet am Waasser z’erreechen an d’Schwammen ze léieren.
Aqua-Senior
Waassergymnastik fir Senioren ass gesond a mécht Spaass. D'Muskele gin gekräftegt an dat ouni grouss Belaaschtung fir d'Gelenker. Den Alterungsprozess gëtt verzögert an am Kader vu Rehabilitatiounsmoossnahmen wierkt sech de Sport am Waasser positiv aus. Waassergymnastik ass eng vun deene beschte Methode fir d'Gesondheet an d'Wuelbefannen z'ënnerhalen a jonk ze bleiwen.
Aqua-Mini
Dëse Cours ass fir Kanner am Alter vun 3 Méint bis 5 Joer. En déngt virun allem dozou déi Kléng mat dem Element Waasser vertraut ze maachen a wierkt sech gläichzäiteg positiv op fill Fäegkeeten déi nach ze entwéckele sinn, aus.
Schwammcoursen fir Kanner
Dës Schwammkueren adresséieren sech u Kanner tëscht 5 a 10 Joer. D'Ziel ass et eng Eegestännegkeet am Waasser ze erreechen an d'Schwammen ze léieren.
______________________________________________________________________________________
Nëtzlech Informatiounen
-
Aere Kont ariichten (86.54 Ko)
-
Commande ofschleissen (130.49 Ko)
-
Netzlich Informatiounen (144.41 Ko)
Kontakt
Rue des Thermes
L-8018 Strassen
Tél.: +352 27 03 00 27
Fax: +352 27 03 00 28
E-Mail: