Les Thermes

Eis Ëffnungszäiten

Sauna & Wellness

Sauna & Wellness
picture

Eis Saunaen...

... fir Äert Wuelbefannen

 

Sauna & Wuelbefannen
Lava Kabinn Infrarout
D'Infrarout Kabinn ass eng exzellent Manéier, fir de Metabolismus ze stimuléieren, Toxinne lasszeginn an a Form ze bleiwen. D'Temperatur an der Infrarout Kabinn läit bei ongeféier 35-40°C. 
Waasser Sauna 85°C, dobaussen Dës Sauna op 2 Niveauen huet eng Temperatur vun 85°C an eng Fiichtegkeet vu 20-25%. En automateschen Opgoss fënnt dräimol d'Stonn statt.
Salz Sauna 55°C, dobaussen Entspant Iech mat enger Mieresbrise op engem ergonomesche Ligestull. Dës Sauna huet eng Temperatur vu 55°C an eng Fiichtegkeet vu 40-45%.
Stären Hamam Déi douce Temperature vum Hamam tëscht 42-45°C kombinéiert mat enger relativer Fiichtegkeet vun 100%, hëllefen dem Kierper sech ze regeneréieren. Essenziell Ueleger vun Eukalyptus a Menthe verstäerken d'Sënnesandréck a rengegen d'Longen.
Kraider Sauna 80°C Natierlech Kraider ginn an engem Deppe virbereet a verstréimen en angeneeme Geroch. D'Aromae vun den Ueleger a Planzendëft, wierken jee no hirem Mix entspaanend oder stimuléierend.
Mound Biosauna 60°C D'Bio Sauna gehéiert zu de Saunae mat niddereger Temperatur. Mat enger Fiichtegkeet vu 40%, ongeféier 60°C an engem Beliichtungssystem, ass et déi ideal Plaz fir ze entspanen. 
Steng Sauna 90°C, dobaussen Déi original Form vun de finnesche Saunaen. An enger gemittlecher Ambiance, erméiglecht dës Sauna, trotz héijen Temperaturen a wéineg Fiichtegkeet, méi laang an der Wäermt ze bleiwen.
Feier Sauna 80°C, dobaussen De Geroch vun Holz an d'Knistere vum Feier bidden e Gefill vu Wuelbefannen. D'Fonkele vun de Flamen hëlleft, de Stress vum Alldag ze vergiessen.
Äerd Sauna 95°C, dobaussen Dës Sauna op 3 Niveauen huet eng Temperatur vu 95°C an eng Fiichtegkeet vun 20-25%. Natierlech Aromae stimuléieren d'Bluttzirkulatioun an ënnerstëtzen douce d'Rengegung vum Organismus.
Whirlpool 35°C
Kalwaasserbaseng 18°C
Baussebaseng  31°C
Äis Fontaine
Wellness Lounge / Sauna-Bar
Wantergaart

Entréespräisser Sauna

 

SAUNA ERWUESSEN JUGEND
Entréesticket 24,50 € 18,50 €
Dammen 4h (Dënschdes 10h-14h) 19,50 € 13,50 €

 

  • Locatioun Buedmantel    6,00 € + 50 € Kautioun
  • Locatioun Handduch       4,00 € + 15 € Kautioun

 

Weekend- an Feierdaagszouschlag vun 1,00 € pro Entréesticket

SplashCard

Flexibel an ouni Grenzen!

Profitéiert vun exklusive Virdeeler a spuert bei all Visitt an d'Erliefnesbad oder an d'Sauna. Är SplashCard gëtt och an der Escale Beauté fir Schéinheetsbehandlungen a Massagen akzeptéiert, souwéi, wéi gewinnt, fir den Zougang zum Solarium an der Brasserie vum Erliefnesbad an an der Wellness Lounge am Sauna-Bereich.  Ausserdeem kënnt Dir och an eisem klenge Shop an der Receptioun domadder bezuelen.

Montant SplashCardReduktiounen
100 € = SplashCard 100
  5 % Reduktioun op Ären Entréesticket
200 € = SplashCard 200
10 % Reduktioun op Ären Entréesticket
300 € = SplashCard 300
15 % Reduktioun op Ären Entréesticket
500 € = SplashCard 500
20 % Reduktioun op Ären Entréesticket

 

Wichteg Informatioun

De Saunaberäich ass en textilfräie Beräich. Merci, datt Dir e Buedmantel der Wellness Lounge unditt.

Sécher Bezuelmethod