Schaffen an der «Pool Position»

Mir sichen, fir esou séier wéi méiglech, een/eng

Mataarbechter/in fir de Beräich Receptioun/Caisse
30 Stonnen/Woch (CDD fir 2 Joer)

Dir huet Experienz am Verkaf an idealerweis schonn an enger vergläichbarer Positioun geschafft - Dann sidd Dir bei eis genee richteg!

Mir freeën eis op eng oppen an flexibel Perséinlechkeet, déi Lëtzebuergesch, Franséisch, Däitsch a eventuell och Englesch ka schwätzen, am Ëmgang mat eisen Clienten professionell agéiert an prett ass zu deene Momenter ze schaffen wou déi aner fräi hunn.

Wann Dir bereet sidd des Erausfuerderungen unzehuelen, dat ganzt an engem aussergewéinlechen Kader, dann freeën mir eis iwwer Är Kandidatur mat Liewenslaf. Schéckt Är Demande per Post oder per E-Mail .